D’ALPAKA A LAMA ASSOCIATIOUN LËTZEBUERG gouf gegrënnt mam Ziel déi Persounen déi Alpakaën oder Lamaën halen, an och déi Persounen déi ee speziellen Intérêt un desen Déieren hunn, an enger Organisatioun zesummenzebréngen an de sozialen Austäusch ënnert hinnen ze förderen.

D’Associatioun well all senge Memberen eng Ulafstell bidden, an hinne mat Rot an Hellef a organiséierten Servicer zur Säit stoën.

Mir wëllen d’Aktivitéiten déi ronderëm d’Lamaën an d’Alpakaën zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, valoriséieren andeems mer se op enger zentraliséierter Plattform sammelen an der Oeffentlechkeet zougänglech maachen. Dat sinn z. Bsp. Alpaka-oder Lama-Wanderen, Woll-Handwierk, Aktivitéite mat Kanner, oder Zuucht a Verkaf vun Déieren.

Eis ass besonnesch dru geleeën der Oeffentlechkeet dee wonnerbar sympatheschen an emgängleche Charakter vun den Alpakaën a Lamaë méi no ze bréngen, a fundéiert a korrekt Informatiounen zur Haltung vun desen Déieren unzebidden.

D’Alpaka a Lama Associatioun Lëtzebuerg bitt senge Memberen eng sëlleche Virdeeler. Mir organiséieren all Joër am Fréijor ee Basis-Kurs, an deem d’Teilnehmer alles Néideges iwwert eng artgerecht Haltung, iwwert déi néideg Pfleg, an ee richtegen Emgang mat den Déiere léieren. Am Hierscht organiséiere mir Fortbildungs-Coursën a verschiddene Beräicher, wéi z. Bsp. Wandere mat Lamaën an Alpakaën, Woll-Weiderveraarbeschtung oder Woll-Spannen, Zuucht an Opzuucht vun de Fillen, oder ethologeschen Training vun den Alpakaën a Lamaën, fir just e puer Themen als Beispill ze nennen.

Mir bidden eise Membere eng Rei Servicer un. Dozou gehéiert ee garantéierte Schir-Service am Fréijor, sou datt jidderee ka sécher sinn, datt seng Déiere virum Summer geschuer ginn.

Dozou gehéiert, datt mir d’Faserprouwe vun eise Membere gesammelt un de renomméierte Faser-Labo ‘Art of Fibre’ schécken, an eis Memberen op déi Manéier vu virdeelhafte Präisser profitéieren.

Dozou gehéiert och, datt mir Sammelliwwerunge vu spezialiséiertem Material organiséieren, wat ee soss net zu Letzebuerg kréich.

Op deser Website kennen eis Memberen déi Aktivitéiten déi si ronderëm d’Lamaën an d’Alpakaën ubidden beschreiwen a mat Photoën duerstellen.

Op deser Website kann och all Member gratis Annonce maachen, z. Bsp. wann e wëll ee Lama oder Alpaka verkafen oder eent sicht, wann e well réi Woll oder gesponne Woll verkafen, wann e well Material verkafen oder tauschen asw.

Mir beäntweren all Zorten vun Ufroën rondrem d’Alpakaën an d’Lamaën.

Nei Membere sinn häerzlech wëllkomm!